Künstler portrAIts

Tun Jourdain

Den Tun ass 26 Joer al an am Eisleck opgewuess. Fréi huet hien sech fir déi heemesch Natur begeeschtert, déi et an de Lëtzebuerger Ardenne gëtt.

Schonn an der Schoulzäit huet hien ugefaang ze fotograféieren. Dësen Hobby huet hien dunn weider ausgebaut.

Wärend senger Fierschter Ausbildung a sengem Ëmweltschutz Studium huet seng Faszinatioun weider zougeholl. Duerch Studentenjobs konnt hien sech dunn och seng éischt richteg Kamera finanzéieren. Ob senger Rees duerch Europa leschte Wanter huet hie vill Wonschmotiver knipsen kënnen. Virun allem läit säi Fokus ob der Déieren- a Landschaftsfotografie.

„All Moment gëtt ze genéisse, wann een dobaussen ënnerwee ass. An wann een dann nach eng gutt Foto mat heem hëlt, déi aner Leit begeeschtert ass dat ee Kaddo.“

 

Tun was born on March 24, 1997, and grew up in the Ardennes region in Luxembourg. He has always been passionate about the local nature, found in the Luxembourg Ardennes. During his school days, he began to take up photography, a hobby that he continued to develop. Throughout his forestry education and environmental studies, his fascination with nature deepened. Through student jobs, he was able to finance his first proper camera. During his winter travels across Europe, he was able to capture many desired scenes, with a particular focus on animal and landscape photography.

„Every moment is to be enjoyed when you’re outdoors. And when you can capture a good photo, that also captivates others, that’s a gift.“