Künstler portrAIts

Olivier Seyler aka SONE

Den Olivier Seyler aka SONE ass gebueren den 01. November 2001. Opgewues ass hien am Norde vum Land mat vill Konscht an der Famill a mam Dram e grousse Kënschtler wéi de Basquiat ze ginn. Inspiréiert vun dësem as seng Konscht iwwer déi lescht 8 Joer gewues. Ugefang huet alles mat sengem Pätter, deen och schonn an der Konscht aktiv war an dës studeiert huet. Et war hien, deen den Olivier souzesoën „mat a seng Welt geholl huet“.

Spéiderhi koum Graffiti spraye mat de Kolleegen derbäi, éier hien sech dunn un Toille getraut huet a bis elo dobäi bliwwen ass. „Schonn ëmmer sou grouss an nach gréisser…“