Künstler portrAIts

Martine Dahm alias MaDam

D’Martine Dahm, alias MaDam, ass 1977 zu Lëtzebuerg gebuer an hat schonn ëmmer den Dram, Kënschtlerin ze ginn. Well sengen Elteren a Proffen awer der Meenung waren et misst een „een uerdentleche Beruff léieren“, huet hatt Architektur studéiert a schafft zënter 2001 an dësem Beruff. Hatt ass bestuet, Mamm vun 2 Kanner a wunnt zënter 2004 zu Hoesdorf, Lëtzebuerg. A senger Fräizäit mécht hatt Musek a beschäftegt sech gär kreativ, geet gär spadséieren a Vëlo fueren.
Ënnert sengem Kënschtlernumm MaDam huet hatt sech 2021 mat senger éischter Ausstellung „Faarweg Impressioune vum Bam“ ee vu senge gréissten Dreem erfëllt. D’Inspiratioun fir dës Ausstellung ass him wärend Spadséiergäng mat senge Kanner duerch de Bësch komm: hatt huet probéiert d‘Villfältegkeet vun de Beem op senge Biller festzehalen, an dat aus enger Mëschung vu Realitéit an Abstraktioun. A senge Biller fënnt een e gewëssen Afloss vum Impressionismus, dee well säit laangem seng beléiftste Kënschtlerbeweegung ass.
Nom Succès vu sengen éischten Ausstellungen huet hat sech een neien, méi urbane Sujet rausgesicht: d’Beem ginn duerch Gebaier ersat a seng aktuell Biller weisen Andréck vu verschiddene Reesen, eng aner Leidenschaft déi dem Martine säi Liewe prägen.

 

Martine Dahm, alias MaDam, est née en 1977 au Luxembourg et a toujours rêvé d’être artiste. Comme ses parents et profs étaient cependant d’avis qu’il fallait « apprendre un vrai métier », elle a fait des études d’architecture et travaille depuis 2001 en tant qu’architecte. Elle est mariée, maman de 2 enfants et habite depuis 2004 à Hoesdorf, Luxembourg. Comme loisirs elle fait de la musique et adore s’occuper de façon créative, elle aime aller se promener et faire du vélo.
Sous son nom d’artiste MaDam, elle a réalisé un rêve de longue date en exposant ses œuvres lors de sa première exposition intitulée « Impressions colorées de l’arbre » en 2021. L’inspiration pour cette exposition lui est venue lors de promenades avec ses enfants à travers la forêt : elle voulait fixer la diversité des arbres avec un mélange de réalité et d’abstraction dans ses tableaux. Dans sa peinture on peut trouver l’influence des impressionnistes, son époque préférée dans l’histoire de l’art.
Après le succès de ses premières expositions, elle s’est lancée dans un sujet plus urbain : les arbres sont remplacés par des bâtiments et ses œuvres récentes montrent des impressions de voyages, une autre passion de Martine.