RÜCKBLICK

De 24. Oktober 2021 huet e lëschtege Männergrupp, „GM-5“ eis besicht, fir sech kreativ auszetoben. D’éischt huet all eenzelen „bescheiden“ um klenge Kader mat Pinsel a Palette gemoolt, fir duerno zesummen duerch ‚Actionpainting‘ e grousst kollektiivt Bild entstoen ze loossen. Hei war et méi wéi jee jidderengem iwwerlooss, wéi d’Faarf op de Support géif kommen, wat sichtlech fir vill Spaass gesuergt huet.

Mat enger klenger Kollatioun an eiser Téistiffchen hu se dës Aktivitéit ausklénge gelooss.

Mir soe Merci fir de Besuch!

Weitere Events